An den 70er krut d’Musek ëmmer méi nei Jonk Memberen déi di néidech Formatioun, Uniform an Instrumenter gebraucht hunn. Een groussen Geldmangel ass entstaan.
Am Juli 1976, bei engem Humpen am Café hunn dräi Mann gerätselt wéi se kéinten Suen opdreiwen. Em déi dräi Männer huet et sech em den Franzettis Vic, Fritsche Jim an Weber Mil gehandelt. D’Idee fir een Quetschefest ewéi zu Menster koum op.
Enges Nuets ass den Mil op d’Léisung komm:
Am Schapp vun den Lokalveräiner loungen nach zwee onbenotzten Kofferkessel an d’Gemeng stoung voller Quetschebeem. Quetschekraut sollt d’Léisung fir d’Geldsuergen sinn. Verkaaft sollt et an der Gemeng an an der Belle Etoile ginn.
Den Mil huet mam Paul Leesch (Patron vum Cactus) geschwaat fir um Parking een Quetschenfest ze maachen. Do sollt dann nievt dem Kraut och Quetschentaarten, Bauerebrout an Quetschedrëpp verkaaft ginn.
An der nächster Comitéssëtzung gouf den Plang opgestallt. Holz am Bësch maachen, Quetsche plécken, rëselen, opmaachen, kaachen an verkaafen. Als Ziel goufen 700 Liter festgesaat.
Ugangs September ass et lass gaangen. Mat Leederen an Këschten goufen d’Beem geplëmmt. Souguer d’Kanner an d’Studenten hunn gehollef.
Den Museksbau gouf emgeriicht an eng Équipe vun Fraen an Männer hunn all eenzel Quetsch opgemaach, den Steen erausgeholl an kontrolléiert op et keng Moudebëtzeg ass.
3 Deeg laang gouf vun Moies bis Nomëttes spéid gekacht. Dono goung et an d’Belle Etoile wou nom zweeten Dag um 14 Auer schonn näischt méi iwwereg war.
Vun deemols op haut war d’Nofro sou grouss ginn dass d’Produktioun op 3000 Liter erhéicht gouf.
An dëser Zäit hunn Männer fir ze réieren gefeelt an den Berna Jäng huet fir all dräi Kessel Réiermaschinnen entworf an gebaut.
E puer Zuelen:
Deeg
Kesselen
Liter all Dag
Zenner Quetschen
Stonnen Aarbecht
Mëttlerweil hunn mir nei modern Réier-Maschinen
Vun aal:
Gëtt nei: